Gëlle Fraen


09 May 2022

Am Kader vun den 100 Joerfeierlechkeeten presentéiert d'HMMLB Iech d' "Gëlle Fraen" e Sonndeg den 15. Mee 2022 um 16.00 Auer zu Munneref am Sall AL THERMEN vum Domaine Thermal.
 
Keess op der Platz vun 15.15 Auer un.

D’Gëlle Fraen si 4 jonk Dammen aus Lëtzebuerg déi hire Publikum duerch ënnerhalsam Musek, vermëscht mat Vaudeville-Elementer wéi Pantomime a Slapstick an déi wëll a geckeg 20er
Joren zeréckversetzen.
Dës Musek strotzt vu Liewensfreed, ass frech a sprëtzeg a geet vu Walzer iwwer Ragtime bis hin zu Moudedänz aus der Zäit. D’Pantomime ënnersträicht dobäi de Sprong an déi uereg Zäit vun de Stommfilmer.

Saxophon : Nadine Kauffmann
Piano : Lynn Orazi
Percussion : Nancy Schlammes
Pantomime a Slapstick : Martine Conzemius