Big Band vun der Militärmusek


27 June 2022

Big Band vun der Militärmusek

D’Big Band vun der Lëtzebuerger Militärmusek gouf am Joer 1978 vum LtCol Pierre Nimax an d’Liewe geruff a stoung bis un d’Enn vun den 80er Joren ënnert der Leedung vum AdjMaj Pol Dahm.
Den 2. Mäerz 1979 hat d’Big Band hieren alleréischte Concert zu Woltz.
Am Ufank vun den 90er Joren huet den LtCol André Reichling d’Direktioun vum Ensembel iwwerholl.
Zënter 1995 steet d’Big Band vun der Militärmusek ënnert der Leedung vum AdjMaj Ernie Hammes, Trompettist an der Militärmusek an doriwwer eraus e renom méierte Museker an der internationaler Jazz-Zeen, deen an der dëser Formatioun och gesanglech iwwerzeegt. 
De 19. Dezember 2018 koum et zum leschten Dirigentewiessel. Den AdjMaj Ernie Hammes iwwergëtt d’Direktioun vun der Big Band un den Adj Raoul Christophe. 
An der original Big Band-Besetzung bitt dësen Ensembel dem Public en ofwiesslungsräiche musikalesche Programm, dee bei der traditioneller Big Band Musek ufänkt a bis an de modernen Jazz eran jiddereen begeeschtert. 
Deemno dierfe mëttlerweil nieft Klassiker vu Glenn Miller, Duke Ellington, Count Basie, Billy Strayhorn, Maynard Ferguson, oder Sammy Nestico déi nei Jazzkompositioune vun e.a. Michael Abene, Bob Mintzer, Gordon Goodwin, oder Chris Walden net feelen. 
Eng nei Well vu lëtzebuerger Jazz-Komponisten ass lancéiert. Sou ginn nieft de Kompositioune vum AdjMaj Pol Dahm an AdjMaj Ernie Hammes och Wierker vum SgtCh David Ascani, Pol Belardi a Maxime Bender opgefouert.