D’Harmonie Munneref verleet d’Jubiläumsfeierlechkeeten

Akademesch Sëtzung den 6 Mäerz 2020 Foto vun Charel Zahles



18 April 2021

D’Feierlechkeeten fir den 100. Anniversaire vun der «Harmonie Munneref» haten 2020 mam Neijoerschconcert den 10. Januar, der Akademescher Sëtzung den 6. Mäerz an dem Concert vun der «Königlich-Niederländischen Militärkapelle Johan Willem Friso» den 7. Mäerz erfollegräich ugefaangen.

Leider sinn déi reschtlech Veranstaltungen der Corona Pandemie zum Opfer gefall a goufen op dëst Joer verréckelt..

Well des Pandemie allerdéngs eist gesellschaftlecht an kulturellt Liewen nach fir méi läng am Grëff huet, huet den Organisatiounscomité elo decidéiert all Evenementer  déi fir dëst Joer virgesinn waren z’annuléieren an an  d’Joer 2022 ze verleeën.

Héi e puer néi Datumer . Neijoersch- an Fréijoersconcert vun der Munnerëffer Harmonie de 7 Januar an den 1. Abrëll, den Harmonieorchester vun der Militärmusek den 22 Abrëll, den Orchester vun der Bundeswehr de 5 Mee an d’Gëlle Fraen” den 15 Mee. Den Organisatiounscomité wäert eng nei Broschür mat allen Detailer zu de musikaleschen an kulturellen Evenementer publizéieren. En Iwwerbléck gëtt et och op www.hmmlb100.lu

All Reservatiounen an Entréesbilljeeën, déi scho bezuelt goufen, bleiwe fir 2022 valabel.

D’Fändelswei ass den 5 Mäerz 2022 um 18.00 Auer an der Munnerëffer Porkierch.

D’Jubiläumsbuch mat engem Réckbléck op all d‘Feierlechkéeten souwéi ënnert aneren enger Chronik vun der Museksgesellschaft erschéngt eréischt am Joer 2023.