Mir prouwen erëm
Prouf vum 10.06.2021

Mir prouwen erëm

No laanger Zäit huet d'Munnerefer Musek den 2. Juni endlech mol nees eng Prouf mat méi Musikanten konnten ofhalen. Den 10 Juni hate mir déi 2. Prouf. Eng 3. Prouf hu mir den 17 Juni. Mir prouwen hannert de Spillschoul zu Munneref. Dir kënnt gären nolauschteren kommen.

Den 22 Juni um Virowend vum Nationalfeierdag spille mir um 20.30 Auer e Concert virun der Gemeng.