Päischtkiermes - 23.05.2021 - Hämmelsmarsch

Hämmelsmarsch 1965 Foto vun Hmmlb



11 May 2021

Den Hämmelsmarsch ass e lëtzebuergesche Brauch. Et ass den Ëmzuch an de Lëtzebuerger Uertschafte vun de Museksgesellschaften, mat Hämmel, fir d'Kiermes anzelauden. Haut sinn d'Hämmel aus dëse Cortège sou gutt wéi verschwonnen. D'Volleksweis mam selwechten Numm gëtt allerdéngs dobäi nach ëmmer gespillt an d'Musek zitt vun Haus zu Haus a mécht eng Kollekt. 
Vun 20 € un spille mir d'Kiermeswalz.
Aus de bekannten Grënn spille mir a méi klengen Gruppen an dëst am Aklang mat de sanitäre Mesuren.
Wann Dir Är Dier net wëllt opmaachen oder net doheem sidd, wa mir laanscht kommen, an eis awer ënnerstëtze wëllt, kënnt Dir dat mat engen Don mam Vermierk “Hämmelsmarsch” op  een vun eise Konten maachen.


BCEE: IBAN LU91 0019 8900 2003 3000
CCRA: IBAN LU48 0090 0000 2070 9705
CCP: IBAN LU71 1111 0204 2050 0000
 
D'Munnerefer Harmonie séet Iech Merci a wënscht Iech eng schéi Kiermes.
 
Bei schlechtem Wieder (Reen) komme mir net!